Mala-Kett handgemaach - neien Ufank a Kloerheet - Nr. 26

€189,00 EUR

| /

1 Verbleiwend Artikele

Natierlech, kraftvoll a voller Charakter – dës Mala-Ketten vereenegt den äerdege Rhyolith, kloere Biergkristall, schimmerende wäisse Labradorit an déi speziell Ausstralung vun de Rudraksha-Perlen zu engem besonnesche Unikat. All Steen an all Perel erzielt seng eege kleng Geschicht a mécht dës Mala-Ketten zu engem richtegen Hingucker. A léiwwer Handaarbecht geknäppt, spiert een d’Qualitéit an d'Suergfalt an all Knuet.

Rhyolith respektiv Reebëschsteen ass fir seng regeneréierend an harmonesch Wierkung bekannt. Biergkristall gëtt an der Steeheelkonscht fir bannenzeg Kloerheet souwéi Stabilitéit agesat. Hie kann zousätzlech eise Energiefloss ureegen.

Wäisse Labradorit, och Reebou-Mondsteen genannt, ass e ganz grousse Steen fir d’Weiblechkeet an d’Empathie. De Rudraksha-Samen gëtt nogesot, Schutz a Glécks ze bréngen. An der Kombinatioun mat den Edelsteng entsteet eng Mala, déi besonnesch d’Intuitioun an d’Meditatioun ënnerstëtze kann. Natierlech kann si och am Alldag gedroe ginn, fir dat voll Wierkungsspektrum vun den Edelsteng notzen ze kënnen.

 

  • 108 Perlen
  • UNIKAT: Du kriss dës Mala genee wéi ofgebilt
  • Fuedem: Héichwäertege Nylonfuedem
  • Vum Genéck bis bei de Karabiner: ca. 47 cm
  • Gesamtlängt: 94 cm
  • Materialien: Eechte Sëlwerdeeler vergëllt
  • Sëlwer-Karabiner erméiglecht d’Austausche vun den Unhänger vun der Ketten
  • Mat villen anere Ketten hei am Shop kombinéierbar

 

Hinweis

All Informatioune zu de Wierkunge vun de Heilsteng baséieren op gängege Quelle vun der Steeheelkonscht. Bei schwéiere Krankheete sicht w.e.g. eng Doktesch oder en Dokter op. Steinwelten iwwerhëlt keng Haftung fir e falschen Ëmgang mat Edelsteng.